Weggis - Februar 2022

Weggis - Februar 2022

18.02.2022 - Rees op Weggis

Mat éngem kléngen Emwee iwer Bern-Interlaken ass et weider mam Brünig-Express duerch de Kanton Obwalden op Luzern gaangen, dann mam Regionalzuch op Küssnacht am Rigi, a mam Bus op Weggis.

Interlaken - Brünig - Luzern Weggis

 

 

19.02.2022 - Weggis - Fluelen - Schwyz - Arth-Goldau - Weggis

Mam Schëff vu Weggis bis op Fluelen, mam Treno Gotthardo op Schwyz. Dës Stiedchen ass nët extra, well se ass voll mat Autoverkéier. Duerno mam Zuch iwer Arth-Goldau op Küssnacht am Rigi, a mam Bus op Weggis.

Schifffahrt Vierwaldstättersee Schwyz

 

 

20.02.2022 - Weggis - Glarus - Zofingen - Weggis

Glarus ass d'Haaptuertschaft vum Kanton Glarus. Vill ass hei nët lass. Rechtwénklech Stroossen, autogerecht, an et ass néierens Plaaz geschaafe gin fir éng Terrass.

Zofingen ass grad de Kontraire. Et läit zwar nët an de Bierger, mee et gëtt e groussen autofräien Zentrum, mat vill Plaazen an Terrassen fir sech opzehalen.

Weggis Glarus Zofingen

 

 

21.02.2022 - Weggis - Brig - Goms - Andermatt - Luzern - Weggis

E ganzen Dag am öffentlechen Transport ënnerwee! Vu Weggis mam Bus op Küssnacht, mam Regionalzuch op Luzern, mam IC op Bern, a nach en IC op Brig. Da geet et mat der Matterhorn-Gotthard-Bahn de ganze Goms erop, an duerch de Furko-Tunnel an den Urserendall op Andermatt. Nach éng Schmuelspuer eroof op Göschenen. Mam Treno Gotthardo geet et dann laanscht déi bekannten Kierch vu Wassen op Arth-Goldau, mam Regionalzuch op Küssnacht a mam Bus op Weggis.

Matterhorn-Gotthard-Bahn Andermatt Vun Andermatt eroof op Göschenen
Treno Gotthardo Wassen

 

 

22.02.2022 - Vu Weggis nees heem

Mam Bus op Küssnach, mam SOB-Traverso op Luzern, a weider mam IC op Basel. Fir op Lëtzebuerg hun ech éng méi laang, awer bequem Variant duerch Däitschland gewielt. Nëmmen 1 Mol ëmklammen! (Koblenz)

SOB "Luxus"-Zuch TRAVERSO

 

 

Posted on