Spezial "RhB-Capricorn"

Spezial "RhB-Capricorn"

Schon an de leschte Joëren hun ech hei vu neiem Zuchmaterial bei der Rhätescher Bunn erzielt.

  • Den Alvra (Stadler), nei komfortabel Wagons fir d'IR-Zich Chur-St.Moritz.
  • Den Allegra (Stadler), 3- oder 4-deeleg Zich déi zënter 2011 ënnerwee sin. An der 3-deeleger Variant sin se deelweis als Ersatz vu Lokomotiven op der Bernina-Stréck virun laangen a schwéieren Zich am Asaatz.

Ganz nei ass den Capricorn (Stadler), e 4-deelegen Zuch, vun deem d'Rhätesch Bunn grouss Stéckzuelen bestallt huet, an deen déi aal Kompositiounen komplett wäert ersetzen. Déi éischt sin zënter 2021 ënnerwee.

Nei ass den RhB-WiFi an dësen Zich. Dësen ass op de befuerene Strecken ouni Ënnerbriechung disponibel.
Den RhB-WiFi an de gréissere Garen gët ët jo scho méi laang.
Interessant ass dass d'Umeldung zum WiFi (per SMS) 6 Méint gülteg ass.

RhB Capricorn

RhB Streckennetz a Mobiloofdeckung

Info zum RhB WiFi bei onweb.ch

 

Posted on
Categories: