29.08.2023 - 02.09.2023 Arnhem - Doesburg - Hoenderloo - Arnhem
![]() |
Dë. 29.08.: Rees op Arnhem - Um Vëlo op Doesburg |
Mam Vëlotaxi Feyen vu St.Vith goung et vu Lëtzebuerg op Arnhem. Noo énger Stärkung si mer bei de Kasteel Rosendael gefuer, an dann duerch d'Bëscher an Heedlandschaften vum Veluwezoom an déi kléng Stiedchen Doesburg, wou eisen Hotel fir d'Nuecht war.
Arnhem
D'Orangerie vum Kasteel Rosendael
De Kasteel Rosendael
Veluwezoom
Doesburg
Eisen Hotel, den "Stadshotel Doesburg"
![]() |
Më. 30.08.: Doesburg - Zutphen - Eerbeek - Hoenderloo |
Am Laaf vum Moien huet et ugefaangen liicht bis mëttleméisseg ze reenen. Mir hun duerfir zu Zutphen an éngem Café éng Paus gemaach a sin d'Stiedchen nët ukucke gaangen. Bei besserem Wieder ass et dunn weidergaangen, iwer Eerbeek op Hoenderloo.
Doesburg
Zu Hoenderloo ukomm
Eisen Hotel "Herberg de Boer'nkinkel" zu Hoenderloo
![]() |
Do. 31.08.: Hoenderloo - Apeldoorn - Kootwijk - Hoenderloo |
Moies op eisem Wee op Apeldoorn an den Aafepark "Apenheul", an och an der Mëttechstonn, hu mir nach e puer Schaueren oofkritt. Duernoo ass et awer ganz frëndlech gin.
Départ beim Hotel
Bei der Entrée vum Aafepark Aperdoorn
Gorilla-Fidderung
De fréieren Radio Kootwijk
Méng Vue aus dem Zëmmer
D'Kiirch vun Hoenderloo
Am Restaurant "De Veluwe"
![]() |
Fr. 01.09.: Hoge-Veluwe Park + Kröller-Müller Museum |
De ganzen Dag am Hoge-Veluwe Park. Vun 10h00 bis 14h00 am Kröller-Müller Museum
Velo'en zum fräie Gebrauch
Konscht
Konscht
Kéng Konscht
Konscht
Jachthuis Sint Hubertus

![]() |
Sa. 02.09.: Zréck op Arnhem - Heemrees |
Haut geet et mam Vëlo zréck op Arnhem an da Mëttes mam Vëlotaxi heem op Lëtzebuerg
Départ beim Hotel
Huis Zypendaal, um Rand vun Arnhem
D'Orangerie vum Huis Zypendaal
Oplueden vun de Vëlo'en zu Arnhem
Geschriwwen vum Paul





